November 1918, d’Welt ass am Ëmbroch: den éischte Weltkrich kënnt op een Enn, d’Monarchie an Däitschland gëtt oafgesat an eng Republik agefouert. 1918/19 sinn zwee immens bedeitend Jore fir déi weltwäit Geschicht:
Lëtzebuerg sollt véier Joer no der » Belle Époque « mam Enn vum éischte Weltkrich, sou wéi och déi aner Länner ronderëm, net wierklech zur Rou kommen.
Am November 1918 hunn sech eng Rei Beweegunge gegrënnt fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg op grondleeënd Manéier ze änneren. Déi sougenannten “dynastesch Fro”, d’Annexioun zur franséischer Republik oder der monarcher Belg, wéi awer och sozial Froe stoungen am Mëttelpunkt. Am Dezember fuerdert Paräis d’Ofdankung vun der Groussherzogin Marie-Adelheid an d’Fräiwëllege Kompanie verweigert der Monarchie an der Regierung hir Gehorsamkeet. E puer Deeg nom Joreswiessel am Januar 1919 kënnt et zu weidere politesch Biewen: d’Ausruffe vun der Republik, Tumulter an der Haaptstad, der Oafdankung vun der Groussherzogin Marie-Adelheid an dem Agräife vu franséischen Truppen. Fir nëmmen op e puer Evenementer an de Schlësseljoeren 1918/19 anzegoen.
Zanterdeem ass d’Lëtzebuerger Geschichtsschreiwung – virun allem duerch déi gesellschaftspolitesch Konstellatioune vun de Joren dono – méi eesäiteg beliicht ginn. D’1919 a.s.b.l. versicht dëst opzehuelen an all Perspektiven ze beliichten, Kontroversen ze analyséieren an déi ënnerschiddlech Standpunkten duerzestellen.
1919 woar folgendermoossen net de wierklechen Ufank, nach de Schluss vun der Lëtzebuerger Republik an denrepublikanesche Beweegungen. Allerdéngs ass et d’Joer gewiescht wou et déi éischt Lëtzebuerger Republik awer gouf. Dohier stäipt sech d’1919 a.s.b.l. an hirem Numm op dëst explizit Joer a verfollegt d’Republikanesch Beweegungen an d’Lëtzebuerger Republik vun hiren Ufäng bis an déi heideg Zäit.
D’Associatioun ass an Erënnerung un de verstuerwene Journalist Jean (3. Mee 1955, Esch-Uelzecht – 4. August 2018, Lëtzebuerg) gegrënnt ginn. Et woar nämlech heen, deen Ufanks dës Joers 2018 déi spéider Grënnungsmembere mat senger Passioun fir d’Opschaffe vun de Republikanesche Beweegungen an der Lëtzebuerger Republik zesummebruecht, a mat de néidegen Informatiounen iwwert ‘Thematik versuergt huet.
De Jean woar eng Persoun déi ze begeeschtere wousst an eis leider vill ze fréi verlooss huet. Seng Iddi wäert an der Form vun dëser Associatioun weiderliewen, bei där heen de Numm nach matbestëmme konnt.
D’Associatioun hat hir offiziell Grënnungssitzung de 14. August 2018 zu Esch-Uelzecht. Do virdrunner hu sech déi fënnef Leit schonns am Virfeld zënter Januar getraff.
D’Associatioun u sech, ass neutral géigeniwwer den eenzelen Acteure vun der Geschicht. t’Privat Meenung vun den eenzele Memberen gëllt awer ze respektéieren an ass esou och onofhängeg vun där vun der Associatioun.
Als Associatioun ouni Gewënnzweck finanzéiert sech 1919 a.s.b.l. duerch d’Meenungsbäiträg (déi net iwwert 50€ pro Joer däerfen erausgoen) an Donatiounen. Déi detailléiert Finanzrapporte wäerten an noer Zukunft op dëser Plaz och kënnen nogelies ginn. De Moment kënnen se op traditionellem Wee (Pabeier) consultéiert ginn.
Falls där d’1919 a.s.b.l. an hir Objektiver och finanziell ënnerstëtze wëllt, kënnt där gären eng Donatioun op folgende Konto maachen:
IBAN: LU15 0019 5355 6328 0000
Bank: Spuerkeess (Banque et Caisse d’Épargne de l’État)
BIC: BCEELULL
Kommunikatioun: Donatioun <Äre Message>