Affiche vu verschiddenen Oarbechter, Baueren a Beamteréit zur Ausruffe vun der Republik, den 18. November 1918. (Quell: Centre Jean Kill)
November 1918, d’Welt ass am Ëmbroch. Lëtzebuerg sollt véier Joer no der » Belle Époque « mam Enn vum éischte Weltkrich, wéi vill aner europäesch Länner och, net zur Rou kommen.
Eng Rei Beweegunge hu sech am besotene Mount gegrënnt fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg op grondleeënd Manéier ze änneren. Déi sougenannten “dynastesch Fro”, d’Annexioun zur franséischer Republik oder der monarchescher Belsch, wéi awer och sozial Froe stoungen am Mëttelpunkt. Am Dezember fuerdert Paräis d’Ofdankung vun der Groussherzogin Marie-Adelheid an d’Fräiwëllege Kompanie verweigert der Monarchie an der Regierung hir Gehorsamkeet. E puer Deeg nom Joreswiessel am Januar 1919 kënnt et zu weidere politesch Biewen: d’Ausruffe vun der Republik, Tumulter an der Haaptstad, der Ofdankung vun der Groussherzogin Marie-Adelheid an dem Agräife vu franséischen Truppen. Fir nëmmen op e puer Evenementer an de Schlësseljoren 1918/19 anzegoen.
Zanterdeem ass d’Lëtzebuerger Geschichtsschreiwung – virun allem duerch déi gesellschaftspolitesch Konstellatioune vun de Joren dono – méi eesäiteg beliicht ginn.
1919 a.s.b.l.
D’1919 a.s.b.l. versicht dëst opzehuelen an all Perspektiven ze beliichten, Kontroversen ze analyséieren an déi ënnerschiddlech Standpunkten duerzestellen.
1919 wor net de wierklechen Ufank, nach de Schluss vun der Lëtzebuerger Republik an de republikanesche Beweegungen. Allerdéngs ass et d’Joer gewiescht wou et déi éischt Lëtzebuerger Republik gouf. Dohier stäipt sech d’1919 a.s.b.l. an hirem Numm op dëst explizitt Joer a verfollegt d’Republikanesch Beweegungen an d’Lëtzebuerger Republik vun hiren Ufäng bis an déi haiteg Zäit.
D’Associatioun beschäftegt sech deemno mat der historesch neutraler an objektiver Opschaffung vun de republikanesche Beweegungen, der Lëtzebuerger Republik an de verbonnene Biographien.
PROJETEN
Vive d’Republik!
Deen initialen, a bis dato ambitionéierte Projet, ass d’Buch mam Titel « Vive d’Republik! – Republikanismus und Monarchiekritik in Luxemburg: Eine Spurensuche. ». Dem Auter a President vun der 1919 a.s.b.l., Claude Frentz, ass et no iwwert 5 Joer Recherchen a Schreiwe gelongen, ee Referenzwierk iwwert déi republikanesch Beweegungen zu Lëtzebuerg ze schafen. D’1919 a.s.b.l. bitt de Kader fir d’Recherchen, d’Lektorat, d’Organisatioun, d’Finanzéierung an d’Koordinatioun.
Lëtzebuergesch Republikanesch Wëssensdatebank
Déi Lëtzebuergesch Republikanesch Wëssensdatebank ass eng digital Plattform baséierend op Obsidian. Hei schaffen d'Membere kollektiv un engem digitale Referenzwierk fir sämtlech Informatiounen a Relatioun mat de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg.
D’Wëssensdatebank ass via lrw.1919.lu opruffbar.
PRESS
-
Lëtzebuerger Land (17.09.2022) : Alles wie gehabt
-
Lëtzebuerger Journal (08.01.2019) : „Spannendes Feld”
Lëtzebuerger Journal (08.01.2019, Joergang 72. Nr. 006, S. 06): „Spannendes Feld” : Die 1919 asbl will die republikanischen Bewegungen in Luxemburg aufarbeiten
-
Tageblatt (21.12.2018, Online) : Rechtzeitig zum Jahrestag: Junger Verein will die Luxemburger Revolutionstage von 1919 untersuchen
Tageblatt (21.12.2018, Nr. 297, S. 24) : Revolutionstage in Luxemburg: Die 1919 asbl. will die republikanischen Ereignisse von vor 100 Jahren aufarbeiten
GRËNNUNGSROT
D’Associatioun hat hir offiziell Grënnungssitzung de 14. August 2018 zu Esch-Uelzecht. Do virdrunner hu sech déi fënnef Leit schonns am Virfeld zënter Januar getraff.
D’Associatioun u sech, ass neutral géigeniwwer den eenzelen Acteure vun der Geschicht. t’Privat Meenung vun den eenzele Memberen gëllt awer ze respektéieren an ass esou och onofhängeg vun där vun der Associatioun.
Grënnungsmemberen (v.l.n.r.): Daniel Lieser, Jan Guth, Claude Frentz & Aldo Sagramola (© 1919 a.s.b.l. )
In
Memoriam
Jean Rhein
D’Associatioun ass an Erënnerung un de verstuerwene Journalist Jean Rhein (3. Mee 1955, Esch-Uelzecht – 4. August 2018, Lëtzebuerg) gegrënnt ginn. Et woar nämlech heen, deen Ufanks dës Joers 2018 déi spéider Grënnungsmembere mat senger Passioun fir d’Opschaffe vun de Republikanesche Beweegungen an der Lëtzebuerger Republik zesummebruecht, a mat de néidegen Informatiounen iwwert ‘Thematik versuergt huet.
De Jean woar eng Persoun déi ze begeeschtere wousst an eis leider vill ze fréi verlooss huet. Seng Iddi wäert an der Form vun dëser Associatioun weiderliewen, bei där heen de Numm nach matbestëmme konnt.
Jean Rhein (l.) beim Neijoerschpatt 2013 mam fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker (r.). (Quell: Tageblatt)