Revolutionstage in Luxemburg: 9 & 10 Januar 1919
100 Joer an een Dag ass et hir, dass d’Lëtzebuerger Republik gegrënnt an erëm niddergeschloe ginn ass. Wat awer net geheescht huet, dass déi Deeg dono Rou zeréck an d’Ländchen gekéiert woar.
Am Kader vun dësem Centenaire huet d’1919 a.s.b.l. ee Ronndeschgespréich am Café Streik zu Esch-Uelzecht organiséiert fir dem interesséirte Publique eng Platform ze ginn den Experten Froen ze stellen bzw. einfach méi iwwer déi beweegten Zäit gewuer ze ginn.
D’Ronndeschgespréich woar mat 69 Leit gutt besicht.
En Info-Stand ass vun der 1919 a.s.b.l. assuréiert ginn, wou een sech eng Rëtsch Dokumenter, Bicher zum Thema konnt mathuelen.
Panel
Experten
Renée Wagener, Historikerin & Journalistin
Frédéric Krier, Historiker a Member vun der Geschäftsféierung vum OGBL
Jacques Maas, Historiker & wëssenschaftlechen Matoarbechter beim C2DH
Denis Scuto, Historiker, Professer a Verantwortlechen fir de Fuerchungsberäich “Lëtzebuerger Zäitgeschicht am C2DH
Moderatoren
Luc Laboulle, Journalist beim Tageblatt
Pol Schock, Journalist beim Tageblatt
10 November 1918: Verkündung der Republik in Luxemburg
Zum Optakt vun der éischter Konferenz ass eng Gedenkminutt fir de verstuerwenen Matinitiator vun der 1919 a.s.b.l., dem Jean Rhein geduecht ginn.
Mat 35 Participanteën am Café Streik! vum OGBL zu Esch-Uelzecht, woar den éischten Evenement de 14ten November 2018 gutt besicht.
Den Henri Wehenkel huet ëm déi 90 Minutten iwwert Verkënnegung vun der Republik zu Lëtzebuerg referéiert. Uschléissend ass et nach eng Diskussiounsronn vun iwwer 30 Minutte ginn, wou virun allem d’Leit am Sall d’Wuert kritt hunn.
En Info-Stand ass vun der 1919 a.s.b.l. assuréiert ginn, wou een sech eng Rëtsch Dokumenter zum Thema konnt mathuelen.