MEMBERSCHAFT
Member vun der 1919 a.s.b.l. ze si bedeit:
populär Geschichtsfuerschung am Beräich vun de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg an an Themeberäicher déi a Relatioun heimat stinn ze bedreiwen ;
an engem klengen an heemleche Kader op reegelméisseger Basis ee liewegen a komplexen Austausch ze hunn ;
sech aktiv mat un Aktivitéiten, Evenementer a Projete bedeelegen ze kënnen ;
Zougang ze hunn op een Netzwierk vu Kontakter aus dem akademesche Beräich, wéi och diversen anere Ressourcen (Bicher, Bibliographien, Requisiten, a.s.w.) ;
sech benevole fir eng net-Profit-orientéiert Associatioun ze engagéieren ;
sech um kulturelle Liewe vun der Gemeng Esch-Uelzecht ze bedeelegen ;
ee Bäitrag zur allgemenger Lëtzebuerger Geschicht a Kultur, wéi och dem nationale Patrimoine bäizedroen ;
an nach eng sëlleg weider Punkten.
De Memberschaftsbäitrag ka fräi tëschent 1 € an 100 € pro Joer gewielt, a mam Vermierk « Memberschaft Joer Numm Virnumm » op de Bankkonto bei der Spuerkeess (BIC: BCEELULL) mat der IBAN LU15 0019 5355 6328 0000 iwwerwise ginn.