Masteraarbechten iwwert déi republikanesch Beweegungen zu Lëtzebuerg
Zwee Geschichtsstudenten am Masterstudiegank, de Jérôme Teixeira an den Angelo Locatelli, hunn entscheet sech de republikanesch Beweegungen zu Lëtzebuerg an hire Studien unzehuelen an driwwer ze fuerschen. De Verwaltungsrot vun der 1919 a.s.b.l. ass immens houfreg op d’Entscheedung vu béide Studenten, a weist dass d’Uleies vun der Associatioun, nämlech déi historesch neutral an objektiv Opschaffung vun de republikanesche Beweegungen, der Lëtzebuerger Republik an de verbonnene Biographien och een Interessi bei jonke Studente vun der Lëtzebuerger Geschicht huet. Béid jonk Fuerscher sinn eng grouss Inspiratioun, Motivatioun a Bestätegung fir déi bis dato geleeschten Aarbecht vun der 1919 a.s.b.l.
Ëmsou méi si mer frou kënne matzedeelen, dass de Jérôme, wéi och den Angelo, Deel vun eiser Ekipp ginn si fir als benevole Memberen d’Fuerschungsaarbecht vun der 1919 a.s.b.l. weiderzebréngen.
Jérôme Teixeira
Wéi bass du op d'Thema vun de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg fir deng Masteraarbecht komm?
Scho wärend mengem L3 am Geschichtsstudium zu Stroossbuerg hunn ech mer Gedanken doriwwer gemaach, wat ech an enger zukünfteger Fuerschung géif wëllen analyséieren a traitéieren. Et war fir mech ëmmer kloer, datt ech iwwert Lëtzebuerg wëll schreiwen. D'Period vum Éischte Weltkrich bis zur Entre-deux-guerres huet mech scho laang immens interesséiert, an ech hu gemengt, an deem Zäitraum en Thema ze fannen.
Wat faszinéiert dech um Thema vun de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg?
D'Thema Republik ass an der Lëtzebuerger Gesellschaft oft en Tabu, an ech hu festgestallt, datt och am Internet net vill Literatur dozou ze fanne war. Dëst huet bei mir Froen ausgeléist, wéi d’Evenementer genee verlaf sinn, a wéi d’Iddien sech entwéckelt hunn. Wéi ech ugefaangen hunn, méi déif ze sichen, hunn ech awer gesinn, datt schonn e puer Historiker sech intensiv domadder beschäftegt haten. Wat mech perséinlech un dësem Thema faszinéiert, ass net onbedéngt d’Fro vun der Siicht vum Haff oder vun der Regierung, mä éischter d'Ideologien an den Optimismus vun der Aarbechterklass, déi sech duerch Beispiller aus dem Ausland inspiréiere gelooss huet. Och wann dës Iddien heiansdo ze idealistesch waren, sou gouf et en déif Wonsch no enger neier Welt. Dat waren déi éischt Gedanken, déi mech un d'Thema gebonnen hunn. Trotz menge Lektüre bleiwen nach ëmmer e puer Froen op, déi mech interesséieren. Mat Ären Tipps an Är Hëllef hunn ech mech dann decidéiert, de Rôle vun den amerikaneschen Zaldoten an där ganzer Geschicht méi genee ze ënnersichen.
Angelo Locatelli
Déi republikanesch Beweegunge sinn och ee Bestanddeel vun denger Masteraarbecht. A wéi engem eventuellen Zesummenhang stinn dës mam beweegte Joer 1867 zu Lëtzebuerg?
1867 war eng wichteg Zäit fir Lëtzebuerg mat ville Froe fir d'Lëtzebuerger. Wéinst der Propose vum Napoleon III Lëtzebuerg ze kafen, kann ech mir virstellen dass Lëtzebuerger net Franséisch ginn, an net ënner der hollännescher Kroun bleiwe wollten. Dofir kann ech mir ganz gutt virstellen dass et eng « opinion publique » vun dëser Zäit iwwer eng potentiell Republik existéiert huet fir indépendant, an net vun engem lëtzebuergeschen oder auslännesche Monarch regéiert ze ginn.
Wat faszinéiert dech um Thema vun de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg?
D'Lëtzebuergesch Republik ass ee ganz intressant, awer och net sou bekannt Thema. Et ass verständlech dass net oft driwwer debattéiert ginn, bzw. dësen Evenement (Januar 1919) net vill erwäänt ginn ass, wéinst der kuerzer Dauer. Et ass intressant well et een eenzegaartege Moment an der Lëtzebuerger Geschicht ass, an dat an engem Land dat nach ëmmer positiv géigeniwwer der Monarchie ass. Et ginn esou vill Facetten déi nach net erfuerscht gi sinn, allem virop de Leit déi eng Roll gespillt hunn, souwuel wéi och d'Meenung vun aneren europäescher Länner nom 1. Weltkrich.
v.l.n.r.: Jérôme Teixeira, Angelo Locatelli, Aldo Sagramola, Jan Guth & Claude Frentz (Esch-Uelzecht, 7. November, 2024)