Revolutionstage in Luxemburg 9 & 10 Januar 1919
Revolutionstage in Luxemburg 9 & 10 Januar 1919

Revolutionstage in Luxemburg 9 & 10 Januar 1919

100 Joer an een Dag ass et hir, dass d’Lëtzebuerger Republik gegrënnt an erëm niddergeschloe ginn ass. Wat awer net geheescht huet, dass déi Deeg dono Rou zeréck an d’Ländchen gekéiert woar.

Am Kader vun dësem Centenaire huet d’1919 a.s.b.l. ee Ronndeschgespréich am Café Streik zu Esch-Uelzecht organiséiert fir dem interesséirte Publique eng Platform ze ginn den Experten Froen ze stellen bzw. einfach méi iwwer déi beweegten Zäit gewuer ze ginn.

D’Ronndeschgespréich woar mat 69 Leit gutt besicht.

En Info-Stand ass vun der 1919 a.s.b.l. assuréiert ginn, wou een sech eng Rëtsch Dokumenter, Bicher zum Thema konnt mathuelen, .

Panel

Experten

  • Renée Wagener, Historikerin & Journalistin
  • Frédéric Krier, Historiker a Member vun der Geschäftsféierung vum OGBL
  • Jacques Maas, Historiker & wëssenschaftlechen Matoarbechter beim C2DH
  • Denis Scuto, Historiker, Professer a Verantwortlechen fir de Fuerchungsberäich “Lëtzebuerger Zäitgeschicht am C2DH

Moderatoren

  • Luc Laboulle, Journalist beim Tageblatt
  • Pol Schock, Journalist beim Tageblatt