1919 – Vive d’Republik!
1919 – Vive d’Republik!

1919 – Vive d’Republik!

Offizielle Flyer

Ee klengen an éischten Deel vun eisem Droam ass den Owend mat der éischter Opféierung vun 1919 – Vive d’Republik! an Erfëllung gaangen!

Een Theaterstéck iwwert déi republikanesch Beweegungen zu Lëtzebuerg am zäithistoresche Kontext vum November 1918 bis Januar 1919.

Tëschent der wuertgewanter Duerstellung vun den deemolege Protagoniste bitt d’Stéck engem een Abléck an eng Zäit vu revolutionärer Stëmmung, wéi een se wahrscheinlech zu Lëtzebuerg bis dato net méi kannt huet.

A reegelméissegen Ofstänn gëtt eng Oart Resumé vun de Faiten am Genre vun engem RTL Journal gemaach; natierlech mam passende Jingle dee landeswäit bekannt ass. Dës “live Schaltungen” bidden den néidegen Iwwergang fir vum méi theoreteschen Deel, op ee kontrasträicht Kappbild ze kommen.

Déi musikalesch Begleedung hëlt ech selwer net ze Eescht a suergt fir déi néideg Oplockerung vun der kompakter Thematik.

Zukünfteg Stécker?

Leider schéngt et de Moment ee Mol déi eenzeg Opféierung gewiescht ze sinn. Et ass awer nom Stéck schonns beim Comptoir gemunkelt ginn, dass et méiglech wär eng weider Opféierung am Fréijoer 2020 ze hunn.

Wënschenswäert ass et op alle Fall. Dëst aussergewéinlecht Stéck bitt nämlech d’Méiglechkeet, enger ganz Rëtsch BiergerInnen d’Geschicht vun de republikanesche Beweegungen an der Lëtzebuerger Republik ee gutt Stéck méi no ze bréngen.

An dëst op eng Oart a Weis, wéi kee Geschichtsunterrecht se méi interessant gestalte kéint.