Fräiwëlleg Matoarbechter gesicht!
Fräiwëlleg Matoarbechter gesicht!

Fräiwëlleg Matoarbechter gesicht!

D’Opschaffe vun historesche Quellen ass eng Oarbecht déi immens passionant ass, sech awer net vun eleng mécht. Mär si beim Sammele vun Informatiounen esou gutt iwwert déi lescht Méint viru komm, dass mär elo vum eegene Erfolleg iwwerrannt ginn.

Dowéinst siche mär no Persounen déi gewëllt wären, eis beim Opschaffe vun dësen Dokumenter an anere Medien ënnert d’Äerm ze gräifen.

Wann där Äerch fir Geschicht, Republikanismus a Politik interesséiert, an zum groussen Deel vun Doheem aus wëllt am Benevolat aktiv ginn, virun allem elo vun de Mesurë géint de COVID-19, ass dat heiten eng Optioun déi Där roueg a Betruecht zéie kënnt.

Bei Interessi oder Froen, zéckt also net eis ze kontaktéieren. Och wann Där der Meenung sidd, dass där eis anerwäiteg hëllefe kéint, mellt Äerch roueg.

Mär si frou fir all Ënnerstëtzung!

Mär brauchen Hëllef…

  • bei der Analyse vun ausgewielten Texter aus Bicher an anere Medien.
  • bei der Online Sich no relevanten Donnéeën an (inter)nationalen Datebanken.
  • beim Aspeise vun de gesammelten Donnéeën an den interne System.
  • bei dem Schreiwe vun enger Aféierung an déi generell Thematik.
  • bei der Vervollstännegung an Iwwerwaachung vun eise Wikipedia Artikelen.

Et wär virdeelhaft…

  • een Zougang op den Internet ze hunn. Et ass awer net noutwenneg.
  • een Apple macOS / iPadOS Apparat ze hunn. Aner Plattforme sinn natierlech och an der Rei.
  • eng vu folgende Sproochen ze kënnen: Däitsch, Franséisch, Englesch oder Hollännesch.
  • ee Mol am Trimester un enger Versammlung Deel ze huelen.