1919.lu ass Online
1919.lu ass Online

1919.lu ass Online

Knapps ee Joer no der offizieller Grënnung vun der 1919 a.s.b.l. ass haut op de Centenaire vum Referendum iwwert wéi eng Staatsform d’Lëtzebuerger Land unhuele sollt d’Websäit Online gaangen.

De Referendum haut virun 100 Joer, woar eng direkt Reaktioun op d’Aktivitéite vun de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg am Joer 1918.

De Moment stécht nach alles an de Kannerschong, allerdéngs wäert dat sech grondleeënd iwwert déi nächst Méint änneren. Erklärungen iwwert d’Geschicht an d’Leit vum Veräin, d’Zieler, d’Aktivitéiten, een Newsletter an d’Memberschaft fann där ënnert dem Reider Associatioun.

Sämtlech Texter, Materialien, Opzeechnungen a Fotoe vu Konferenze sinn an den eenzelen Artikelen ze fannen a fräi zougänglech. Och an Zukunft wäert alles wat d’1919 a.s.b.l. organiséiert hei dem Public zu Verfügung gestallt ginn.

De Recht vun der Säit wäert an de nächste Woche mat folgenden Deeler ergänzt ginn:

Aféierung: Text mat passende Biller a Referenzen zum Thema vun der republikanesche Beweegungen an der Lëtzebuerger Republik. Dëse soll een einfachen Astig an eng dach relativ komplex Matière bidden.

Timeline: Fir ee konkreten a chronologeschen Iwwerbléck vun de republikaneschen Evenementer ze kréien. Dës wäert awer och mat weltwäiten Evenementer verbonne si fir ze weisen, dass ee revolutionäre Geescht an der Loft zu dem Zäitraum an der Loft houng.

Wikipedia: Oplëschtung mat sämtlechen Artikelen déi op der Wikipedia am Numm vun der 1919 a.s.b.l. verfaasst goufen. Sou ass et garantéiert, dass dat gesammelt Wësse fräi zougänglech an och duerch jiddereen ergänzt ka ginn deen eppes bäi ze droen huet.