10 November 1918: Verkündung der Republik in Luxemburg
10 November 1918: Verkündung der Republik in Luxemburg

10 November 1918: Verkündung der Republik in Luxemburg

Zum Optakt vun der éischter Konferenz ass eng Gedenkminutt fir de verstuerwenen Initiator vun der 1919 a.s.b.l., dem Jean Rhein geduecht ginn.

Mat 35 Participanteën am Café Streik! vum OGBL zu Esch-Uelzecht, woar den éischten Evenement de 14ten November 2018 gutt besicht.

Den Henri Wehenkel huet ëm déi 90 Minutten iwwert Verkënnegung vun der Republik zu Lëtzebuerg referéiert. Uschléissend ass et nach eng Diskussiounsronn vun iwwer 30 Minutte ginn, wou virun allem d’Leit am Sall d’Wuert kritt hunn.

En Info-Stand ass vun der a.s.b.l. assuréiert ginn, wou een sech eng Rëtsch Dokumenter zum Thema konnt mathuelen.