Affiche vu verschiddenen Oarbechter, Baueren a Beamteréit zur Ausruffe vun der Republik, den 18. November 1918. (Quell: Centre Jean Kill)

November 1918, d’Welt ass am Ëmbroch. Lëtzebuerg sollt véier Joer no der » Belle Époque « mam Enn vum éischte Weltkrich, wéi vill aner europäesch Länner och, net zur Rou kommen.

Eng Rei Beweegunge hu sech am besotene Mount gegrënnt fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg op grondleeënd Manéier ze änneren. Déi sougenannten “dynastesch Fro”, d’Annexioun zur franséischer Republik oder der monarchescher Belsch, wéi awer och sozial Froe stoungen am Mëttelpunkt. Am Dezember fuerdert Paräis d’Ofdankung vun der Groussherzogin Marie-Adelheid an d’Fräiwëllege Kompanie verweigert der Monarchie an der Regierung hir Gehorsamkeet. E puer Deeg nom Joreswiessel am Januar 1919 kënnt et zu weidere politesch Biewen: d’Ausruffe vun der Republik, Tumulter an der Haaptstad, der Ofdankung vun der Groussherzogin Marie-Adelheid an dem Agräife vu franséischen Truppen. Fir nëmmen op e puer Evenementer an de Schlësseljoren 1918/19 anzegoen.

Zanterdeem ass d’Lëtzebuerger Geschichtsschreiwung – virun allem duerch déi gesellschaftspolitesch Konstellatioune vun de Joren dono – méi eesäiteg beliicht ginn.

1919 a.s.b.l.

D’1919 a.s.b.l. versicht dëst opzehuelen an all Perspektiven ze beliichten, Kontroversen ze analyséieren an déi ënnerschiddlech Standpunkten duerzestellen.

1919 wor net de wierklechen Ufank, nach de Schluss vun der Lëtzebuerger Republik an de republikanesche Beweegungen. Allerdéngs ass et d’Joer gewiescht wou et déi éischt Lëtzebuerger Republik gouf. Dohier stäipt sech d’1919 a.s.b.l. an hirem Numm op dëst explizitt Joer a verfollegt d’Republikanesch Beweegungen an d’Lëtzebuerger Republik vun hiren Ufäng bis an déi haiteg Zäit.

D’Associatioun beschäftegt sech deemno mat der historesch neutraler an objektiver Opschaffung vun de republikanesche Beweegungen, der Lëtzebuerger Republik an de verbonnene Biographien.

PROJETEN

Vive d’Republik!

Deen initialen, a bis dato ambitionéierte Projet, ass d’Buch mam Titel « Vive d’Republik! – Republikanismus und Monarchiekritik in Luxemburg: Eine Spurensuche. ». Dem Auter a President vun der 1919 a.s.b.l., Claude Frentz, ass et no iwwert 5 Joer Recherchen a Schreiwe gelongen, ee Referenzwierk iwwert déi republikanesch Beweegungen zu Lëtzebuerg ze schafen. D’1919 a.s.b.l. bitt de Kader fir d’Recherchen, d’Lektorat, d’Organisatioun, d’Finanzéierung an d’Koordinatioun.

D’Buch kann direkt bei eis bestallt, oder an alle Librairië koaft ginn.

JUNI 2026

Ee Virtrag mat dem Lëtzebuerger Auteur Paul Rauchs iwwert säi rezent Buch « Luxembourgeois: encore un effort si vous voulez être républicains ». Den Evenement gëtt an engem labere Kader organiséiert fir een Austausch tëschent dem Auteur an dem Publique ze erméiglechen.

Auerzäit: 19h30

Plaz: Esch-Uelzecht

Weider Informatioune kommen no.

Lëtzebuergesch Republikanesch Wëssensdatebank

Déi Lëtzebuergesch Republikanesch Wëssensdatebank ass eng digital Plattform baséierend op Obsidian. Hei schaffen d'Membere kollektiv un engem digitale Referenzwierk fir sämtlech Informatiounen a Relatioun mat de republikanesche Beweegungen zu Lëtzebuerg.

EVENEMENTER

OKTOBER 2026

Ee Ronndëschgespréich mat dräi bekannte Lëtzebuerger Juristen iwwert d’Rechter an d’Fliichte vum Grand-Duc an der Verfaassung, de sougenannte « schweedesche Modell » an déi historesch Virstellungen iwwert eng republikanesch Verfaassung.

Auerzäit: 19h30

Plaz: Esch-Uelzecht

Weider Informatioune kommen no.

MÄERZ 2026

Eng Konferenz mam Claude Frentz, President vun der 1919 a.s.b.l., iwwert d’republikanesch Beweegungen an de Referendum vun 1919 mam Fokus op Esch-Uelzecht. Wéi ass et dozou komm, dat an der Minettmetropol fir d’Republik a géint d’Monarchie gestëmmt ginn ass?

Auerzäit: 19h30

Plaz: Esch-Uelzecht

Weider Informatioune kommen no.

PRESS

GRËNNUNGSROT

D’Associatioun hat hir offiziell Grënnungssitzung de 14. August 2018 zu Esch-Uelzecht. Do virdrunner hu sech déi fënnef Leit schonns am Virfeld zënter Januar getraff.

D’Associatioun u sech, ass neutral géigeniwwer den eenzelen Acteure vun der Geschicht. t’Privat Meenung vun den eenzele Memberen gëllt awer ze respektéieren an ass esou och onofhängeg vun där vun der Associatioun.

Grënnungsmemberen (v.l.n.r.): Daniel Lieser, Jan Guth, Claude Frentz & Aldo Sagramola (© 1919 a.s.b.l. )

In
Memoriam
Jean Rhein


D’Associatioun ass an Erënnerung un de verstuerwene Journalist Jean Rhein (3. Mee 1955, Esch-Uelzecht – 4. August 2018, Lëtzebuerg) gegrënnt ginn. Et woar nämlech heen, deen Ufanks dës Joers 2018 déi spéider Grënnungsmembere mat senger Passioun fir d’Opschaffe vun de Republikanesche Beweegungen an der Lëtzebuerger Republik zesummebruecht, a mat de néidegen Informatiounen iwwert ‘Thematik versuergt huet.

De Jean woar eng Persoun déi ze begeeschtere wousst an eis leider vill ze fréi verlooss huet. Seng Iddi wäert an der Form vun dëser Associatioun weiderliewen, bei där heen de Numm nach matbestëmme konnt.

De Guillaume, genannt Guy, van Hulle huet mam Nowuert Le Jean, „en helle Brudder“ am Tagebaltt vum 23. August, 2018 een aussergewéinlecht an éierbaart Nowuert iwwert a fir de Jean geschriwwen.

Jean Rhein (l.) beim Neijoerschpatt 2013 mam fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker (r.). (Quell: Tageblatt)